Aquapilot – E gemeinsame Projet tëscht de Gemengen Oberbillig a Mäertert

❗Projet AquaPilot ⛴ – E gemeinsame Projet tëscht de Gemengen Oberbillig a Mäertert
Am Zäitraum vum 01.02.2025 – 01.02.2028 fënnt dësen INTERREG-Projet, an Zesummenaarbecht mam Entwicklungskonzept Oberes Moseltal, tëscht de Gemengen Oberbillig a Mäertert statt. Hei geet et drëms, déi grenziwwerschreident Mobilitéit mat Däitschland, duerch d’Färverbindung tëscht Waasserbëlleg an Oberbëlleg, ze stäerken.
Weider Partner an dësem Projet sinn d‘Verbandsgemeinde Konz, de Lëtzebuergesche Ministère vum Transport an den ëffentlechen Aarbechten an de Ministère fir Landwirtschaft, Verkéier a Wäibau aus Rheinland-Pfalz.
Opgrond vum Personalmangel gëtt d’Fär Sankta Maria II deelweis- a perspektivesch och komplett automatiséiert. Hei gëtt modern Technik, vun de Sensoren an intelligenter Steierung, bis hin zum digitale Keessesystem an ugepassten Uleegestellen, agesat, déi et dann erméiglechen en ëmweltfrëndlechen, resilienten an effiziente Betrib mat reduzéiertem Personal u Bord sécher ze stellen.
Et kënnt zu enger erhéichter Verléisslechkeet a verlängerte Betribszäiten, wat d’Ubannung u Bus, Bunn a Vëlosweeër ugeet an erliichtert déi kombinéiert Mobilitéit am Alldag an an der Fräizäit.

 

Dernière modification le 08.06.2026

Des articles de la même catégorie

GoGoVelo 2026

GoGoVelo 2026

Mat Vëlofuere flott Präisser gewannen - maacht mat bei der Aktioun GoGoVelo 2026 vum 7. September bis 18. Oktober! Nieft interessante Präisser wéi Reesbonge vun den CFL, verlouse mir als Gemeng och 3x en 100€-Bong fir 25 Deeg Vëlo fueren an 3x e 50€-Bong fir 15 Deeg...

lire plus
Aller au contenu principal