Weltfraendag 2022

Hei e puer Extraiten vun der Ried vum Buergermeeschter:

 

Den 8. Mäerz ass de Internationale Weltfraendag, den op Initiative vu sozialisteschen Organisatiounen an der Zeit vum éischte Weltkrich an d’Liewe geruff ginn ass.

Mir an der Gemeng Mäertert hunn 3 Aktiounen zum Thema Weltfraendag organiséiert.

  • An de Klassen vun eise Schoulen, vum Cycle 3 a 4 zu Mäertert an am Cycle 4 zu Waasserbëlleg si vum Chancegläicheetsministère den Atelier “Rosa Blo! – Eng Fro vu Steroetypen” organiséiert ginn wou folgend Themen behandelt goufen:
  • Eng weider Aktioun ass d’Ausstellung iwwer 100 Joer Fraewalrecht, déi vum 7. Mäerz bis den 10. Mäerz hei am Centre Culturel ze gesinn ass.
  • Déi 3. Aktioun déi mir als Kommissioun geplangt hunn, ass d’Virféierung vum Film “die göttliche Ordnung ».

De Weltfraendag soll net nëmmen um 8. Mäerz ee wichtege Sujet sinn, mais dat dat ganzt Joer iwwer.

Haut sinn national wichteg Evenementer gewiescht, de Mëtten war an eiser Chamber eng vun der LSAP ugefroten “Heure d’actualité” wou iwwert den internationale Fraendag geschwat ginn ass.Do war ënner anerem gewuer ze ginn dat d’Bestriewungen vun der Politik an de lëschte Joren sou lues, awer sécher ufänken hier Friichten ze droen.

Dat weist d’Verbesserung vu Lëtzebuerg beim Egalitéits-Index, deen a 7 Beräicher d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer moosst: do ass Lëtzebuerg vun 55,6 Punkten am Joer 2005, op 61,2 Punkte am Joer 2010 geklommen… an haut leie mir bei 72,4 Punkten: 4,4 Punkten iwwert dem EU-Duerchschnëtt an op der 9. Plaz an der EU.

D’Gemeng Mäertert huet 2021 eng Conventioun mat der Madame Taina Bofferding, der Ministesch fir d’Gläichheet tëschent Mann a Frae ënnerschriwwen, dat mam Ziel d’Chancegläichheet tëschent Mann a Frae an eiser Gemeng nach weider ze fërderen.

Dir gesidd dat eis, als Gemengeresponsabel, d’Thema vun der Gläichstellung och wichteg ass.

 

 

Dernière modification le 09.03.2022

Des articles de la même catégorie

Assermentation de la conseilère communale Michèle Finke

Assermentation de la conseilère communale Michèle Finke

La commune de Mertert informe que le conseiller communal CSV Alain Scheid a démissionné après 31 ans en tant que membre du conseil communal, respectivement collège échevinal et sera remplacé par la prochaine élue de la liste CSV Madame Michèle Finke épouse Bertemes....

lire plus
Aller au contenu principal